Sportsdeddessen invitéieren op hiren Neijoersdaagskick am Sporthotel den 12.1.2011

SALUT ZESUMMEN,

De Comite wënscht allen Sportsdeddessen nach eemol e glecklecht an gesond neit Joer 2011 - dass dir all är gudd Virsätz fir daat neit Joer duerchsetzt an enner aanerem och hoffentlech weider ganz d'Joer un eisen Manifestatiounen Deel huelt an e puer flotter Stonnen mat den Sportsdeddessen verbréngen kënnt. Och ären Frëndinnen a Frënn respektiv ären Madamen a Männer wënschen mir all Guddes am neie Joer an hoffen weiderhin op e bëssen Versteesdemech an mir soen lo schon MERCI dass dir är 2 Halschend heinsdo mat eis Sport maachen loosst. 

Mir invitéieren dech heimadder e Mëttwoch den 12. Januar op eisen 1. Kick am neie Joer. Wéi gewinnt ass de Rendez-vous um 19.30 an der Hal.

Waat soss nach alles sou dest Joer um Programm steet kritt dir an deeenen nexten Deeg per Mail zougeschéckt,... just souvill ...mir waerten dëst Joer rëm a Frankräich bei der Tour de France mat dobai sinn (dëst Joer hu mir e chalet op der Alpe d'Huez reservéiert a villaicht kréien mir jo och nach deeen een oder aaneren Camper voll), bei de 24Stonnen-Velo-Wëntger waerten mir rem present sinn an och eisen Fussballstournoi de "Summercup* waert rem mat um Programm stoen fir  just e puer vun eisen Manifestatiounen ze nennen. 

Hei fannt dir e Link wou dir Iech sollt umëllen wann dir den 12. Januar mat dobai wëllt sinn

http://doodle.com/6diz3bmwvbuqbprr