Sportsdeddessen invitéieren op hiren traditionellen Wintercup den 10 Dezember am Sporthotel Leweck ab 13.00 Auer

Salut léiw Sportskolleegen a -kolleeginnen,

D'Sportsdeddessen invitéieren dech heimat ganz haerzlech op den Deddessen Wintercup 2011 am Sporthotel Leweck.

Wéi lo schons traditionell organiséieren mir Samsdes Mëttes den 10. Dezember eisen flotten Tournoi an der Hal vum Hotel Leweck. Mir treffen eis all um 13.00 an der Sportshal a verbréngen e puer flotter Stonnen ënner Fussballkolleegen. Och wanns du net an enger Equipp matspills, wieren mir frou wanns du trotzdeem bis op e Patt bis laanscht kucken kéims an eis Manifestatioun domadder matennerstëtzt.

Mir frëen eis lo schon dech op eisem Tournoi begréissen ze kënnen. Bis e Samsden.

 

ären Comté