Moien Deddessen,
den Nordstad-Turnverain lued heimadder Sportsdeddessen härzlech an ob en klengen Workshop am Geräteturnen.
Dei grouss Turnhaal zu Ettelbreck as virun 2 Joer erweidert gin mat enger weiderer Haal just fir Geräteturnen.
Do muss naischt obgebaut gin an Turngeräter stin mat Matten ofgesechert fest an der Haal obgericht.
Och wien naischt mat Turnen um Hut huet soll einfach mol mat kommen, mat machen an kucken wie weit een kennt.
Den Workshop besteht aus
- Warm machen, sprangen hopsen, rullen, ...
- Basis Elementer um Bueden ausprobeieren.
- En Rundgang zu verschidden Atelieer bei dei enzel Turngeräter.
- Bessen "Freiraum" fir dat Engt oder Anert gewisen ze kreien oder ze probeieren.
- Krafttraining als klengen Ofschloss.
De Workshop as encadréiert vun enger ganz Partie Turner an Turnerinnen (>20 Joer).
Trainer(innen) begleeden eis während dem ganzen Training.
Mir fänken um 19 Auer un eis zesummen warm ze machen.
Den Training dauert 2 Stonnen bis 21 Auer.
An dorno gin mer nach ob Warken an den Cafe Kaell en klengen Patt huelen.
Verpasst den flotten Termin net, den 26 Mai: 19-21 Auer an der Sporthaal zu Ettelbreck. (Haaptentree weider goen an Richtung Kraaftraum)
Mat sportlechen Greiss
Gilles Conter, Member vun de Sportsdeddessen
Avis aux amateurs, mol eppes aanescht
Mir vum Comité soen dem Gilles Merci fir seng Propose a wieren frou deen een oder aaneren vun eisen Memberen an der Hal begréissen ze kënnen.
Confirméiert är Präsenz am Doodle w.e.g. Merci am viräus