Sportsdeddessen spillen e Mettwoch den 2. Februar rem Fusi am Leweck R-V 19.15

Salut Deddessen,

Haut den 2 Februar ass et rem souwäit, Sportsdeddessen treffen sech ab 19.15 an der Hal am Leweck wou mir eis hoffentlech rem zu enger gudder Band afannen fir ze kicken. Fir déi déi léiwer Fitness man oder awer eng Ronn schwammen ginn, all déi sinn natiirlech och welkomm. Avis aux amateurs!

Hei um Link kënnt dir Iech un- respektiv ofmellen.

http://doodle.com/b5a79dmst9h5vhfk

Hei nach e puer Infos an Datumer déi dir Iech onbedengt mierken sollt. 

De Comite haat leschten Mettwoch eng konstruktiv Versammlung wou vill flott an nei Iddien diskuteiert goufen. Ennert aanerem hu mir decideiert dass mir an Zukunft zwar nach Fussball ubidden mee eis net wellen nemmen op eng Sportart festleen mee och aaner Aktivitéieten proposéieren wéi z.B Volleyball, Fussballtennis, Badminton, Handball, Velo, asw. Do doniewt ginn am Fréijoer och déi eng oder aaner flott Quizowender organiséiert wou dir lo schon kennt gespannt sinn wéi mir daat organiséieren, nëmmen souvill et dréint sech alles ëm de Sport ... !!? 

Sportsdeddessen fueren Samsdes den 12. Februar op Kaiserslautern de Spëtzematch vun der Bundesligamatch kucken: Kaiserslautern-Dortmund wou mir 8 Tix nieweneen organiséiert hun. Wann dir interesséiert sidd matzegoen dann schéckt eis sou séier wéi méiglech eng sms op den 621776980, déi éischt si vir. De Match ass owes um 18.30. Wann méiglech kënnen mir och e Sprinter organiséieren fir zesummen ze fueren.

Mëttwochs den 16 März um 19.30 ass eis Generalversammlung, een Datum deen et absolut nët ze verpassen gëtt. Do gidd dir alles gewuer waat lescht Joer 2010 sou gelaaf ass,.. mir weisen Iech ënnert aanerem och vill flott Fotoen an ganz wichteg eis Evenementer vun 2011 ginn virgestallt wou mir dëst Joer rëm iwerall dobai waerten sinn .. soen do just ING Marathon, Tour de France, Summercup, 24-Stonne-Velo a villes méi. No der Versammlung gi mir dann all gudd zesummen iessen an e Pättchen drénken!

Ajo een Datum kann een och nach erwähnen. Freides den 25 März hëllefen Sportsdeddessen bei engem groussen Event am Norden de Comptoir man. Do brauchen mir onbedéngt 20 Leit déi hëllefen schaffen. Daat Ganzt ass nach top secret wéi waat wou mee fest steet dass mir do eng Hand mat upaaken an domat eis Deddessenkees kënnen opbesseren. Detailer kommen no.... mee haalt Iech deen Datum schon mol frai! 

Sou fir haut geet et duer, soss gëtt ët ze laang.... mir treffen eis den Owend an der Hal, do gidd dir dann schon méi gewuer. 

:)

bis denne

ären Comite