
Mir invitéieren Iech den 12 Dezember 2010 alleguer an Hal vum Hotel Leweck ze kommen. Mir organiséieren do e flotten Tournoi fir 10 Equippen (4+1 mat Reservespiller).
Start ass um 13.00 (1. Match um 13.30)
End ass um 19.00
Fir Iessen an Drenken an eng flott Ambiance ass gesuergt.
Meld Iech un op comite@sportsdeddessen.lu oder ruff op den 621 77 69 80
Mir froen eng Participatioun vun 35 € pro Equipp. Eisen Kont op der Spuerkees ass den
LU52 0019 3255 6229 3000. Vergiesst net ären Numm vun der Equipp um virement.
Mir geifen eis freen wann dir geift bis laanscht kucken kommen oder am beschten Fall natiirlech geift matspillen ! Mir verspriechen Iech een flotten Nomëtten. Mellt Iech schnell un. Nach sinn Plaazen frai.
ären Comite
Kommentare
Wintercup 2010
Mir soen all deenen Equippen déi bei eis um Wintercup mat dobai waren nach eemol e groussen Merci. Et war einfach nemmen genial. Ass emmer rem flott enner Kolleegen ze kicken ... hoffen dir gesidd daat genau sou! Et war e flotten Tournoi a mir gratuléieren nach eemol besonnesch eisen Gewënner den "Ibonzelen" déi sech an der Final dest Joer duerchsetzen konnten géint eis Kolleegen vun Elwen. Och all deenen aaner Equippen een Hip Hip Hipp an hoffentlech sidd dir next Joer rem all dobai. (Summercup an Wintercup)
De Comite wenscht Iech all e puer schéiner Feierdeeg, bleiwt gesond a monter an bis next Joer :)