Summercup 2015

Salut Deddes,

Geschwen ass et nees sou wait, dann organiséieren Deddessen nees hiren traditionellen Sportsdeddessen Summercup 2015. Dest Joer fennt eisen Tournoi e Sonnden den 28. Juni nees ab 11h30 um synthteschen Terrain vum Sporthotel Leweck statt.

 

Och dëst Joer kënnen eng 16 Equippen Deel huelen. Wanns du gaer um Summercup mat enger Equipp wells mat dobai sinn, op mannst 5 Kolleegen zesummen kris dann zéck net a melld dech direkt hei um Site un: http://sportsdeddessen.lu/summercup… Et bleiwen nach e puer Plaazen ze besetzen.

 

Waat gett et soss Neies um Summercup 2015?


Niewt deem neien faerdegen “L” Chalet hu mir dëst Joer och e puer nei Saachen organiséiert.

 

Ganz nei dëst Joer ass enner aanerem e Warm-up Tournoi deen schon Moies um 9:30 ugeet. Et handelt sech dobai em een flotten Football-Tennis Tournoi (2 géint 2) um syntheteschen Terrain (gratis). Wanns du hei wells matspillen mellt dech och hei un um site http://sportsdeddessen.lu/summercup

 

Doniewt hu mir ee flott Sprangschlass fir eis kleng Debessen am Gepäck. Weider Niewenaktivitéiten sinn Headis an Torwandschéissen, etc.

Wéi gewinnt ginn et flott Praisser ze gewannen an wi emmer hu mir nees eng flott Tombola um Start.

 

Wanns du lo net direkt wells matspillen ginn et awer och nach 2 aaner Méiglechkeeten um Summercup mat dobai ze sinn:

- Mir siichen wéi all Joers motivéiert Deddessen déi ons eng Hand mat upaaken… Siewt et um Grill, de Comptoir man, Kanneranimatioun, Arbiter, Fotograf spillen, Tombola encadréieren, asw. Umellen kanns du Dech hei am Beschten direkt per Mail op comite@sportsdeddessen.lu

- Wanns du net vill Zait hues, dann komm dach einfach bis laanscht kucken an een mat eis prosten :-) Mir géifen eis fréen dech op eisem Summercup 2015 ze gesinn!

 

Um 15.00 ass iwregens och nach een Gala-Tournoi zweschen der Fola-Déifferdéng 03 an Nidderkuer um Terrain niewendrun. Misst also fir jiddereen eppes dobai sinn.

 

Fir weider Froen kanns du dech gaer bei engem vun den Comiteesleit mellen.

 

Mat sportleche Gréiss,

 

am Numm vum Comité

Pascal Leweck