Tour de France Fussball Beachvolley a Velo stin an de Startlächer

Salut Deddessen,

Sou nodeems mir eisen éischten Summercup respektabel iwert Bühn bruecht hun an aal Dikkrech och ouni all ze grouss Téitscher iwerliewt hunn kommen lo di next Evenementer vun dësem Summer wou Sportsdeddessen waerten Deel huelen. Hei de Programm:

- E Méinden Moien fiert eng Delegatioun vun de Sportsdeddessen mam Camper op den Tour Mallet wou iwregens och nach Plaazen frai sinn enner Ëmstënn. Falls een Loscht huet matzefueren, einfach mëllen ënner comite@sportsdeddessen.lu En Donneschden no der Etapp geet et dann rem zreck.

- E Mëttwoch den 21. juli ass nees den traditionellen Kick am Leweck, endez-vous an der Hal um 19.30

- E Sonnden den 25. Juli spillen mir zu Weller e Beachvolleyballstournoi wou mir frou wieren wann mir nach e puer Leit fannen di matspillen. Mëttes um 13.30 geet et lass. Einfach mëllen sou dass mir eng gudd Band zesummen kréien.

- den 30 an 31 Juli huelen mir um Mega Event 24-Stonnen-Velo Wentger deel. Mir wieren frou wann all Deddessen déi wëllen matfueren sech sou séier wéi méiglech mëllen sou dass mir eis kënnen organiséieren. Aus Erfahrung vum leschten Joer ass daat wirklech eng ganz flott Saach. Et geet Freides owes um 18.00 lass an dann bis Samsdes owes um 18.00 um Stéck. Wien ugemellt ass kritt dann genee Bescheed gesoot wéi a wou a waat. Mir hun schon mol eng Plaaz un der Stréck reservéiert a fir Animatioun am Deddessen Zelt ass och gesuergt. Och hei gëllt Address comite@sportsdeddessen.lu

Wann nach Froen sinn oder soss vlait een Proposen huet einfach eis Bescheed soen.

P.S. Am August fueren mir Kajak um Stau (Datum gett demnext festgeluecht) an next Woch gett och den Datum vun eiser offizieller Praissiwerreeschung vum Tippspill publizéiert. 

Bis denne Deddessen

ären Comité