Salut,
Wéi dir villäicht scho matkritt hutt sin d'Sportsdeddessen dëst Joer mat derbäi am Organisatiounscomité vum Contre-la-montre "Mam Vëlo de Buurschter rop" deen den nächsten Samsden 9. September stattfënnt (zesummen mat de Gemengen Buurschent an Ierpeldeng, der UCNE an de Mëll Biker).
Mir sin deen Daag zoustänneg fir de Comptoir mam Gedrenks, de Grill an d'Paanescher ze assuréieren a bräichten nach e puer Memberen déi eis deen Daag géifen hëllefen kommen.
Et wier super wanns du Zäit a Loscht häss fir eis déi eng oder aaner Stënnchen eng Hand upaaken ze kommen. De Startschoss ass um 11h00 a wann se bis all de Bierg rop sin ass am spéiden Nometten d'Präisiwwerreeschung. So eis einfach sou schnell wéi méigelech Bescheed wéini ët dir deen Daag géif goen.
Fir weider Infoen an och d'Umeldungen, falls de selwer wéills matfueren, fëns de ënnert www.buurschter.lu an den Erléis vun den Aschreiwungen ass fir d'Fondation Kim Kirchen.
Mat sportleche Gréiss,
Äre Comité