Umellen bis e Mettwoch!

Salut Deddessen!

Och dëst Joer fueren d'Sportsdeddessen nees mat um 24 Stonnen Velo Wëntger! :)

24 Stonnen Velo Wëntger stin virun der Dir an eis Virbereedungen laafen op Héichtouren!

Daat ganzt leeft vun e Freiden den Owend 20h00 bis e Samsden den Owend um 20h00 zu Wëntger.

Mir sin mat enger Equipe um Start an umellen kënt dir iech iwwert comite@sportsdeddessen.lu.

Mir wieren natiirlech och frou wann jiddereen géif eng Hand mat upaaken beim Ofriichten Samsdes Owes. ;)

Mellt iech schnell un well d'Plaazen sin begrenzt.

Hei nach e puer praktesch Informatiounen:

- D'Sportsdeddessen iwwerhuelen natiirlech rem d'Fraien fir d'Aschreiwung vun der ganzer Equipe!

- Mir hun 2 grouss Zelter wou een an engem vun deenen 2 kann schloofen, wann ee wëllt. Et stin allerdings keng Feldbetter oder sou dran. Da hu mer natiirlech och nach Zelter déi als Iwwerdaag genotzt gin an wou dann och Bänken, Dëscher, etc zur Verfügung stin.

- Ween een eegent klengt Zelt huet fir dran ze schloofen, brengt daat och am beschten mat (+Schloofsaack), dann geet ët och gudd duer mat der Plaaz.

- D'Veloen mussen mat Luuten (z.B.: LED-Luuten mat Batterie) equipéiert sin fir an der Nuecht kënen ze fueren.

- Fir Gedrenks (Béier, Cola, Waasser, Jus, Kaffi Moies, etc....) ass gesuergt. Mir gin daat alles kaafen an brengen ët mat op Wëntger. Fir eng kleng Bedeelegung vun 15€ pro Persoun kënt dir dann iwwert 24 Stonnen laang drenken sou vill wéi der wëllt. :)

- Ween nach keen Sportsdeddessen T-Shirt huet an een wëllt, dee kritt een bei eis fir 20€. Ët gëtt en nach am S, M, L an XL. Wier natiirlech flott wann jiddereen een hätt an mer alleguerten kéinten an där selwechter "Tenue" fueren.

Mir hun och dest Joer eng "Camping-Plaaz" direkt bei der Pist fir eis Leit unzefeieren, hun eng Top-Anlaag derbäi an Freides Owes suergt den DJ Bonsi fir Top-Stëmmung un den Turntables!

Fir gudd Stëmmung ass also gesuergt, lo gëllt ët just nach alles ze gin um Velo! :)

Bis e Freiden nom Motto vun den Sportsdeddessen: "Ëmmer derbäi"!

P.S.: Supporter sin natiirlech och wëllkomm fir eis ufeieren an ee Patt mat drenken ze kommen! :)

MsG

De Comité