Volleyball nexten Mettwoch den 13 Abrell am Sporthotel Leweck

Salut Deddessen,

Muer Mettwoch de 6. Abrëll ass leider keen Fussball a keen Volleyball am Leweck well d'Hal besaat ass. Nexte Mettwoch ass awer dofir rem eemol Volleyball an di Woch drop Fussball..... Hoffen dir sidd rem all mat dobai......

Ajo, nach eng Saach.... de 7 Mai fueren Sportsdeddessen um Bike 4 life mat, daat ass zu Ettelbreck e 6 Stonne Mountainbike Equippenzaitfueren fir een gudden Zweck. Wien do Loscht huet mat dobai ze sinn soll eis sou schnell wéi méiglech Bescheed soen. Waat méi Leit sech mellen waat besser. Eng Equipp kann aus 2 -maximal 4 Leit bestoen. De Motto vum Daag ass "d'Haaptsaach dobai". 

Mellt Iech um 621 77 69 80 oder iwer email op comite@sportsdeddessen.lu

ären Comitee