Salut léiwen Member!
D'Sportsdeddessen a.s.b.l. gëtt ët mëttlerweil méi wéi ee Joer! :) Nodeems mir op der Assemblée Générale den 16. März 2011 een super Bilan konnten zéien, waat eist éicht Joer ugeet, hu mer dann hei nach 2 wichteg "administrativ" Saachen:
1. Memberskaarten 2011
Daat éicht Joer ass riwwer, an säit der Assemblée Générale gin ët eis nei Memberskaarten fir 2011 ze kaafen!
Fir och am neien Deddessen-Joer 2011 vill flott Aktivitéiten ubidden ze kënen, bauen mir natiirlech och op eis aktiv Memberen!
Du hues nach keng vun deenen neien Top-Memberskaarten 2011?
Du wëlls och weiderhin mat deenen neiesten Sportsdeddessen-Informatiounen versuergt gin?
Du bass motivéiert fir weiderhin un eisen (Sport-)Events deelzehuelen?
Du wëlls weiderhin vun allen Virdeeler profitéieren?
Du wëlls och am Joer 2011 een aktiven Deddessen-Member bleiwen?
Do gëtt ët eng einfach Méigelechkeet:
Du brauchs just däin Membersbäitrag vun graad mol 10€ sou séier wéi méigelech op eisen Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess ze iwwerweisen, a scho leeft daat! :)
2. Update vun dengen Donnéen
Vun enger Partie Memberen hu mir leider verschidden Donnéen nët (wéi z.B. d'Adress, etc.).
Fir dass mir als A.s.b.l. awer d'Donnéen vun eisen Memberen sou komplett wéi méigelech zesummen hun, wieren mir frou, wann's du géifs deng Donnéen, déi eis nach feelen, um Site www.sportsdeddessen.lu ausfëllen. Mat dengem Login (deen's de gescheckt kritt haas) kanns de dech do aloggen, alles updaten, an natiirlech och Fotoen kucken goen, etc.
(Falls daat dir ze "komplizéiert" sollt sin, kanns du eis och deng Adress (Nr., Strooss, Postleitzahl, Uertschaft) an deng Handynummer per Mail op comite@sportsdeddessen.lu eraschecken).
An der Hoffnung, dech och am Joer 2011, weiderhin zu eisen treien Memberen zielen ze kënen, wënschen mir nach schéin Ouschteren! :)
De Comité vun de Sportsdeddessen
Kommentare
Donnéen updaten
Re:
Dir kënt iech mat ären Login, deen mer iech gescheckt hun, wou der nei Member gin sidd, um Site aloggen, an är Donnéen updaten.
MbG