WICHTEGEN RAPPEL!!! Memberskaa​rten 2011 an Update Donnéen

Salut!


Hei nach ee Rappel vun der Mail vum 25. Abrëll.


Daat éicht Joer vun den Sportsdeddessen ass riwwer, an säit der Assemblée Générale virun baal 2 Méint, gin ët eis nei Memberskaarten fir 2011!


D'nächst Woch wärten mir dann och eis Mailinglëscht fir d'Newsletteren "à jour" setzen, mee eng Partie Leit hun leider bis haut nach nët iwwerwisen fir déi nei Memberskaart ze kréien!


Fir weiderhin Member ze bleiwen a vun allen Avantagen ze profitéieren, bieden mir iech dofir, ären Members-Bäitrag vun 10€ fir d'Joer 2011 w.e.g. bis spéitstens den nächsten Mëttwoch 17. Mee 2011 op eisen Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess ze iwwerweisen.


Fir dass mir als A.s.b.l. och all d'Donnéen vun eisen Memberen sou komplett wéi méigelech zesummen hun, wieren mir natiirlech och frou, wann dir nach géift är Donnéen, déi eis nach feelen, um Site www.sportsdeddessen.lu ausfëllen. Mat ärem Login, deen der gescheckt kritt haat, kënnt der iech do aloggen, alles updaten, an natiirlech och Fotoen kucken goen, etc.
(Falls daat iech ze "komplizéiert" sollt sin, kënnt der eis och är Adress (Nr., Strooss, Postleitzahl, Uertschaft) an är Handynummer iwwert den Formular um Site eraschecken).