Wikingerschach on the Beach 2024

Samsdeg, 14 September, 2024 - 10:30

Léiw Sportsfrënn a Sportsfrëndinnen,

D'Sportsdeddessen an den DT 95 Feelen si mir frou Iech matzedeelen datt mir déi 5. Editioun vum eisem “Wikingerschach on the Beach” organiséieren an dat e Samsdeg de 14. September 2024 ab 10h30 zu Nidderfeelen op de Beachvolleyball-Terrain.

Fir eng Equipe unzemellen an all weider Detailer fannt dir op www.wikingerschach.lu an op Facebook ënnert "Wikingerschach on the beach".

Kommt all laanscht matspillen, einfach eppes iessen, ee Patt drénken oder mat de Kanner op eis Sprangschlässer.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, et ginn nees Cocktailer an eng Kaffisstuff an eis traditionell Tombola ass och nees gutt gefëllt.

Falls de motivéiert wiers fir mat eng Hand unzepaken, da kanns de dech gäre bei eis mellen, all Hëllef ass natierlech wëllkomm.

Mat sportleche Gréiss,

Äre Comité vun de Sportsdeddessen

Plaz / Uert: 
Nidderfeelen
Sportart: 
Wikingerschach

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Guy Leweck Ech kann och de ganzen Dag hëllefen