Salut léiw Sportsfrënn!
Dësen Sonnden 14. Dezember ass nees eisen traditionellen Wintercup fir 8 Equipen zu Lëppschent am Sporthotel Leweck!
Falls nach deen een oder aaneren vun iech motivéiert ass fir e bessen matzekicken, kënnt der iech nach roueg bei eis mellen, de Comité ass och nees mat enger Equipe um Start!
Déi déi nët wëllen oder kënen Fussball spillen sin natiirlech härzlech agelueden eis ënnerstetzen an ufeieren ze kommen an natiirlech nees deen een oder aaneren flotten Präiss aus eiser Tombola mat heem ze huelen! :-)
P.S.: Aus organisatoresche Grënn ass dann och den Owend kee Fussball an der Hal zu Lëppschent an dee gëtt dofir déi nächst Woch nogeholl!
Mat sportlesche Gréiss,
Äre Sportsdeddessen-Comité
CW