Salut léiw Sportsfrënn!
E Sonnden de 24. Januar 2016 ass nees eisen traditionellen Wintercup, een Halefuttballturnéier fir 8 Equipen zu Lëppschent am Sporthotel Leweck!
Falls nach deen een oder aaneren vun iech motivéiert ass fir e bessen matzekicken, kënnt der iech nach roueg bei eis mellen, de Comité ass och nees mat enger Equipe um Start!
Falls du eng ganz Equipe op eise Futtballturnéier umelle wëlls, da géife mir dech bieden, deng Participatioun direkt op comite@sportsdeddessen.lu ze confirméiren an déi 40 Euro, esou séier wéi méiglech, op eise Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der BCEE ze iwwerweisen.
D'Plazen sinn aus organisatorësche Grënn natiirlech limitéiert, déi éischt Equipen si vir an eng Umellung as nëmme gülteg wann d'Aschreiwung och bezuelt ass.
All Informatioun (Auerzäit, etc.) fannd dir an der Invitatioun am Anhang.
Déi déi nët wëllen oder kënen Fussball spillen sin natiirlech härzlech agelueden eis ënnerstetzen an ufeieren ze kommen an natiirlech nees deen een oder aaneren flotten Präiss aus eiser Tombola mat heem ze huelen! :-)
Mat sportlesche Gréiss,
Äre Sportsdeddessen-Comité
CW