Léif Sportsdeddessen-Memberen, léif Membres donateurs, léif Sportsfrënn,
Endlech ass et erëm sou wäit: eng Futtball-Weltmeeschterschaft steet virun der Dier, an domatt och dat neit Sportsdeddessen-WM2014-Tippspill.
Och dëst Joer ginn et rëm vill flott Präisser ze gewannen: den 1. Präis ass ee Wellness-Weekend am Sporthotel Leweck, den 2. Präiss eng Ballons-fahrt fir 2 Persounen, a.s.w.
Wéi gewinnt geet et drëm déi eenzel Resultater aus der Gruppematcher ze tippen plus e puer Extratipps, nämlech den Weltmeeschter, déi 4 Halleffinalisten an de Goalschosskinnék.
Während der Weltmeeschterschaft gëtt dann Dag fir Dag den aktuellen Ranking op www.tippspill.com publizéiert an sou kënnt dir iech mat äre Kollegen vergläichen, a firwat och net kleng „Sidebets" maachen. Kommentaren zu der WM an zum Ranking ginn och regelméisseg publizéiert.
Dësst Tippspill ass gratis an exclusiv fir d'Membres donateurs vun der Sportsdeddessen a.s.b.l.
Falls du nach net Membre donateur 2014 bass, fënns du hei eraus wéi dat geet:<a href="http://sportsdeddessen.lu/node/1556">Don machen</a>.
Ab dem 12.6.2014 kanns du dir d'Tipps vun alle Spiller um Site www.tippspill.com ukucken a kuerz no all Match ginn d'Scoren geupdate.
Wat d’Formulairen ugeet ginn et Neierungen, mir hunn eis beméit dat Ganzt nach méi user-frëndlech ze maachen an dir kënnt är Tipps direkt online aginn.
Wéi dat geet an all weider Detailer fannt dir op www.tippspill.com.
De Comité vun de Sportsdeddessen wënscht iech elo schonn vill Spaass an Erfolleg beim Tippen, eng flott Virfreed déi scho bei munch engem duerch den Panini-Album entfacht ass, sou wéi natierlech eng nach méi flott Weltmeeschterschaft.
Mat sportleche Gréiss,
De Comité vun de Sportsdeddessen