Salut Deddessen,
Wollt Iech nach eemol drun erënneren dass mir e Mëttwoch den 30. Juni rëm am Hotel eisen traditionellen Kick hun. Um 19.30 geet et lass. Vu que dass keen WM-Match, also och keen seng Equipp verpasst, hoffen mir dass dir rem all mat dobäi sidd. Ajo, mir hun e Samsden eis Panneauen opgeriicht fir den Deddessen Summercup den 10. Juli. Hoffen dir sidd och do all mat dobai. Brauchen all Deddes fir ze spillen oder awer och fir eng Hand mat unzepaken. Maacht gudd Reklamm bei ären Kolleegen an bis hoffentlech geschwenn. Déi di nach een Deddessen T-Shirt wëllen (19 Euro) - mir bréngen se e Mëttwoch mat an Hal. Déi di net kënnen e Mëttwoch mat dobai sinn, awer een T-Shirt wëllen; kennen eis gaer eng Mail man op comite@sportsdeddessen.lu
de Comité