Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,
Dëse Sonnden, den 30 Juni 2013, ass de Summercup, eise grousse Futtball- Tournoi, um syntheetësche Fussballsterrain vum Sporthotel Leweck zu Lëppscht.
Wéi déi Jore virdrunn, ginn 16 Equipen mat iwwert 200 Léit erwaart.
Fir den Erfolleg vun deser grousser Sportsmanifestatioun ze garantéiren, as de Comité awer op d'Hëllef vun all Member ugewisen.
Dofir wir de Comité frou, wann puer motivéiert Membren géife bei folgenden Aufgaben eng Hand mat upaken:
...Moies beim Opriichten (10h30-12h30)
...mëttes beim Grillen (12h00-15h00/15h00h-18h00)
...beim Verkaf vum Gedrénks (12h00-14h00/14h00-16h00/16h00-18h00)
...waerend dem Tournoi als Arbiter oder bei soss all Aufgab déi ufällt
...owes beim Ofriichten (18.00h-19h00)
Wann s du motivéiert bass fir eng vun dësen Aufgaben, da mell dech roueg op comite@sportsdeddessen.lu
De Comité waert däin Engagement mat Secherheet ze schätzen wëssen...!!!
Mat sportlëche Gréiss,
De Comité