Infomail Sponsoring Virdeeler

Léiwen Member,

 

Och esou ee Club wéi eisen kritt sech nët wierklech iwwert d'Memberskaarten (10€ fir 1 Joer) finanzéiert, mee mir sin ennert aanerem och op Sponsoren ugewisen, fir iech déi ganz Palette u flotten Aktivitéiten kënen unzebidden, Material ze finanzéieren, etc.

 

Do fir hei dann ee klengen Rappel ween eis Sponsoren sin a waat mir dovunner hun.

 

- De Wanter steet virun der Dir also denk beim bestellen vum Masutt un Reiff Masutt vu Marnech! So  och der Famill an den Kollegen Bescheed a gitt Iech einfach als Member vun den Sportsdeddessen ze erkennen! :-)

 

- Fir Sportskleedung a soss Sportsgeschiir ass den Asport zu Angelduerf an zu Wickreng fir dech do. Mir profitéieren do proportional vun der Quantitéit déi vun eisen Memberen akaaft gëtt! Och hei gëllt, waat méi Memberen bei Asport geflaggt sin an akaafen, waat mir méi Material etc. kënen kaafen goen. :-)

 

- Fir een neien Auto ass den Grand Garage Ford Wengler vun Ettelbreck zoustänneg!

 

- Fir Heiser an Appartementer steet d'Immobilière Abby Toussaint vun Miersch bereet!

 

- Beim Summercup 2013 zu Lëppschent hun eis ausserdeem nach d'Foyer Agence Ben&Mil Ewers vun Dikkrech an d'Raiffeisen finanziell ënnerstëtzt.

 

Weider Detailer fënns du am PDF-Dokument am Unhang vun deser Mail.

 

Merci am viraus fir deng aktiv Ennerstëtzung vun den Sportsdeddessen.

 

Mat sportleche Gréiss,

 

Fir den Comité vun de Sportsdeddessen,

 

Chrëscht