Salut Deddessen,
Wéi schon an der leschter Newsletter ugekënnegt fueren mir den 12. Februar op Kaiserslautern de Bundesligamatch 1.F.C. Kaiserslautern géint de Meeschter BVB kucken. De Match ass Samsdes owes um 18.30. Mir fueren entweder mat engem Sprinter oder awer mat Privatautoen doropper. Daat decidéieren mir duerno ... et sinn nach 7 Plaazen frai.
Den Ticket ass am Gästeblock (all Setzplaazen sinn nieweneen). Déijeeneg déi interesséiert sinn matzegoen sinn gebieden sou schnell wéi méiglech 49€ op eisen Sportsdeddessenkont ze iwerweisen. Eisen Kontosnummer ass den LU52 0019 3255 6229 3000. Jiddereen deen sech bei ons gemeld huet an och iwerwisen huet ass secher mat dobai.
De geneen Oflaaf vum Daag deelen mir Iech bis spéistens nexten Mettwoch den 9. Februar mat.
Mir freen eis lo schon op e flotten Match. Meld Iech am Beschten um 621 77 69 80 un wann dir am Stadion wëllt mat dobäi sinn.
ären Comité