Salut Deddessen,
Wéi déi lescht Joeren, maachen d'Sportsdeddessen dëst Joer erëm eng Equipp fir de Staffellaf den 31.5 beim Marathon an der Stad matzelafen.
Een Team besteet aus 4 Leefer. All Leefer brauch just zweschen 8 an 13km ze laafen. Jidder Member ka mattlafen, et sinn jo nach e puer Méint fir ze trainéieren, an et geet net em eng gëlle Kou.
D'Startgeld ass 25€/Persoun, mee d'Sportsdeddessen leeën eppes klenges bäi. Macht iech bäi. Déi éischt si fir.
Hei umellen: http://sportsdeddessen.lu/node/1415
WICHTEG fir déi Leit déi Semi oder Marathon lafen:
Jiddereen deen bei der Inscriptioun Sportsdeddessen als Club ugëtt a mat engem Sportsdeddessentrikot leeft, kritt eis Memberskaart fir 2014 gratis.
Méi Informatiounen: http://www.ing-night-marathon.lu/
Mat sportleche Gréiss,
De Komitee.