Salut Deddessen,
Hei 3 wichteg Punkten:
- nexte Mettwoch den 23. März spillen mir nees Football an der Hal vum Sporthotel Leweck. Wien mat dobai ass kann sech hei um Link gären umellen.
http://doodle.com/u3xab42skbtifd2g
- Hei lo déi lescht Chance fir nach een Ticket fir de Lännermatch Lëtzebuerg-Frankraich ze ergatteren... 40€ Tribune de face.... avis aux amateurs. Et sinn nach e puer Tickets do!
- E Samsden den 26. März hëllefen mir op der Miss Petticoat Party zu Dikkrech de Comptoir maachen.... Brauchen all Mann an all Fra fir ze hëllefen. Wien Loscht an Zäit huet eis do eng Hand mat unzepaken kann sech hei um Link oder awer per email op comite@sportsdeddessen.lu oder awer um GSM 621 77 69 80 séier umellen. Am Link stinn schon déi Leit dran déi sech bis elo gemellt hun. Wien mat dobai ass huet gratis Entree. Soot eis bis spéistens de 24 März Bescheed. Hei de Link fir de 26. März
http://doodle.com/h25qawxn6d6m532q
Mat beschte Gréiss
ären Comité