Deen hei Rappel ass fir eis Memberen 2013, déi bis elo nach NET fir 2014 iwwerwisen hun...! ;-)
------------
Léiwen Member vun de Sportsdeddessen,
No engem weideren erfollegräiche Joer 2013 si mir als Komitee am gaangen weider vill flott Aktivitéiten fir d'Joer 2014 ze plangen.
Nodeems mir op der Assemblée Générale de Freiden 14. März 2014 ee positiven Bilan konnten zéien, sin natiirlech och déi nei Memberskaarten fir 2014 ze kréien!
Eis Memberskaart fir déi nei "Saison" bleift weiderhin bei 10€ fir ee ganzt Joer.
Wanns du nach keng nei Memberskaart hues, da kanns du w.e.g. däi Membersbäitrag bis spéitstens den 4. Abrëll op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei derSpuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2014 + Numm + Virnumm".
Falls mir bis dohinner keng Reaktioun kritt hun gi mir dovunner aus, dass keen Interesse méi besteet fir weiderhin bei eis Member ze sin a mir aktualiséieren eis Memberslëscht an eis Mailinglëscht dann deementspriechend. :-)
Op eisem Site www.sportsdeddessen.lu kanns du am Kalenner noliesen waat leeft, du kanns dech fir déi verschidden Events während dem Joer aschreiwen an deng Donnéen nokucken, änneren, etc.
Geschwënn geet dann och eist WM Tippspill 2014 online also maach dech elo scho prett fir matzetippen! :-)
Mir hoffen natiirlech dass mir dech och am Joer 2014 weiderhin zu eisen treien Memberen zielen kënen an dir vill flott Aktivitéiten kënen ubidden.
Merci am viraus,
Mat sportleche Gréiss,
De Comité vun de Sportsdeddessen