Kicker Managerspill Sportsdeddessen Liga

Salut Deddessen!
Ech hunn am kicker-Interactive Bundesliga Manager Spill eng Manager-Liga gegrënd déi d'Sportsdeddessen heescht.
Wien net wees wat dat ass: et ass einfach et keeft een am Ufank vun der Saison ee Kader vu Spiller mat engem limitéierte Budget. Duerno kritt een je no Leeschtung vu sénge Spiller Punkten. Et kann een och all Spill dag séng Equipp anescht opstellen, muss een awer net.
Et wier flott wann der vill vun Iech géifen matmaachen et ass relativ schnell geschitt eng Equipp opzestellen. Einfach d'Spiller kafen an d'Equipp speicheren schonn ass een dobäi.
Bäitrieden kann an der Liga een nach ëmmer méi spéit, wann ee schonn eng Equipp huet. Wien nach haut oder muer bis 15h30 d'Opstellung mecht huet och eréischt 1 Spilldag verpasst wat net weider schllëmm ass well:
1. krut net jiddereen vill Punkten um 1. Spilldag (et kann een och minus-Punkten kréien)
2. Huet een elo de Virdeel datt een bëssen wees wien gutt drop ass etc. ech haat eng Kéier eng Equipp den 2. Spilldag réischt lancéiert an duerno géint all déi aner gewonnen um Enn.
3. Et ginn och Spilldaagspräisser ze gewannen allerdéngs ass et net einfach sech géint 200 000 Leit duerchzesetzen :-P
Et wier flott wann vill Deddessen géingen matmaachen sou kann een dann vu Joër zu Joër sech ëmmer mat denen aner Deddessen moossen an iwwer Fussballkompetenz fachsimplen,ass scho witzeg. Oder Wetten ofschléissen fir et nach méi spannend ze maachen eventuell e Präiss fir de Gesamtsieger vun der Liga etc.
Also www.kicker.de umellen a lass :-) (-> games -> Interactive -> Bundesliga)
Dann d'Liga D'Sportsdeddessen sichen an Bäitrëtt ufroën. Een deen d'Liga nët fënnt kann och hei froën dann lueden ech en an.
mat sportlechen Gréiss,
DS