WM-Finall an 24-Stonnen​-Velo-Wënt​ger an Beachvolle​yball zu Weller

Moien léiw Sportsdeddessen,

Hei 3 wichteg Informatiounen waat eis next Aktivitéiten uginn:

- den 13 Juli invitéiert de Comité op een spannenden Deddessen WM-Owend.

Nodeems Sportsdeddessen sech virun gudd 1 Mount een Beamer an eng Leinwand geleescht hun, déi iwregens all Deddessen-Member fir eng festgeschriwen Cotisatioun och ausléinen kann, invitéieren mir dech an dain Partner heimat op een flotten Deddessen WM-Owend. Falls Wieder matspillen soll grillen mir dobaussen a kucken WM-Final zesummen op eiser grousser Leinwand zu Feelen beim Eug am Gaart am Deddessen-Zelt. Fir kaal Gedrénks an waarm Kuelen ass beschtens gesuergt, ... fir op de Grill kann jiddereen gaer seng Lieblingswurscht matbrengen.... D'Zaloten an Desserten waerten och um Start sinn :)

Fir dass mir e bessen wëssen mat weivill Leit mir plangen sollen froen mir dech heimat dech am Beschten bis spéistens dësen Freiden den 11. Juli op dem GSM 621 77 69 80 unzemellen oder dech hei am Link unzemellen...

Falls Wieder net sou gudd soll sinn kucken mir dobannen ...;) Mir freen eis op eng hoffentlech spannend an interessant WM-Final an hoffen du bass mat doabi :) (lass geet et ab 18.00 ...)

http://doodle.com/qxdteyzp94ypgrg9

- Och dëst Joer klemmt den 25 an 26 Juli (vun Freides 20.00 - Samsdes um 20.00) rem alles op de Velo an daat um 24-Stonnen-Rennen zu Wentger. Wéi all Joers sinn mir och dëst Joer rem mat Sak a Pak um Start a bréngen wéi Traditioun et lo schon verlaangt eisen DJ Bonsi natiirlech rem mat a suergen domat mol secher bei eis an der Equipp awer och um ganze Camping fir Rhythmus a gudd Stemmung.

Mir appeléieren heimat un all Member sech hei am Link unzemellen wann e Loscht huet mat un deem flotten Event Deel ze huelen an domat och en Deel vun eiser Equipp ze sinn. Mir brauchen hei dringend nach e puer Leit !!!

Wanns du awer just wells laanscht kommen fir eis ze ennerstetzen an e Pättchen ze drénken ass daat och ganz ok. Fir kaal d'Gedrénks ass och hei rem beschtens gesuergt... :)

http://doodle.com/46dbkgaswx5nv7s7

- Sonndes de 26 Juli spillen Sportsdeddessen um Beachvolleyball Tournoi zu Weller mat. Wéi all Joers ass daat een top Event wou eng 50 Equippen an verschiddenen Poolen sech ameséieren a dobai flott Praisser kennen gewannen.

Wanns du Loscht hues do mat dobai ze sinn, mell dech ganz einfach hei am Link un.... Demno zu wéivill mir sinn mellen mir och gaer e puer Equippen un....:) Avis aux amateurs...

http://doodle.com/nc6xairuig3yan44