Agenda an neien "Cash-back" Sponsor "FABRIK" zu Miersch

Moien léif Membren,

Et ass Rentrée an daat och bei de Sportsdeddessen. Sou geet eis Hale-Saison den Mëttwoch 17. September lass an daat mat Fussball am Hotel Leweck. Duerno wéi gewinnt am 2-Wochen Rhythmus mat Ofwiesslung vun de Sportarten. Déi eenzel Datumer fannt dir elo schonn an eisem Agenda ënner "Events" wou dir iech och schonn direkt fir déi jeweileg Aktivitéiten kënnt androën. (http://www.sportsdeddessen.lu/calendar/month)

Dann hu mir een neien Sponsor, an zwar d'"FABRIK" zu Miersch. Do ass et sou datt mir eng Rei Fidelitéitskaarten kritt hunn. Mir wieren ganz frou wann déi déi regelméisseg an d'Fabrik ginn (oder an de Choco) sech géifen bei eis mellen, well de Veräin kritt op allem wat mat denen Kaarten consomméiert gëtt Cashback prozentual zréck, an dat nët nëmmen an der Fabrik mee och am "Choco" an der Hollerecher Strooss, an och zu Wuermer am "Koeppchen".

Sou kënnt Dir eisen Veräin ënnerstëtzen ouni datt et iech eppes kascht. Ausserdem profitéiert Dir och dovun well mir bei villen Aktivitéiten eppes bäiléen souwéi bei eisen Velosuniformen etc.

Villmools merci schonn am Virraus fir d'Ennerstëtzung!

Hei dann och de Link fir sech fir de Fussball nächsten Mëttwoch unzemellen.

mat sportleche Gréiss,

fir de Komitee vun de Sportsdeddessen

ds