Léiwen Member vun de Sportsdeddessen,
No engem weideren erfollegräiche Joer 2011 si mir als Komitee am gaangen weider vill flott Aktivitéiten fir d'Joer 2012 ze plangen.
Nodeems mir op der Assemblée Générale den 16. März 2012 een super Bilan konnten zéien, sin natiirlech och déi nei Memberskaarten fir 2012 ze kréien!
Eis Memberskaart fir déi nei "Saison" bleift weiderhin bei 10€ fir ee ganzt Joer.
Däi Membersbäitrag kanns du bis den 1. Mee op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2012 + Numm + Virnumm".
Falls mir bis den 1. Mee keng Reaktioun kritt hun gi mir dovunner aus, dass keen Interesse méi besteet fir weiderhin bei eis Member ze sin a mir aktualiséieren eis Memberslëscht dann och deementspriechend. :)
Op eisem neie Site www.sportsdeddessen.lu kanns du am Kalenner noliesen waat leeft, du kanns dech fir déi verschidden Events während dem Joer aschreiwen an deng Donnéen nokucken, änneren, etc.
Mir hoffen natiirlech dass mir dech och am Joer 2012 weiderhin zu eisen treien Memberen zielen kënen an dir vill flott Aktivitéiten kënen ubidden.
Merci am viraus,
Mat sportleche Gréiss,
Schéin Ouschteren!
De Comité vun de Sportsdeddessen