Sponsoring Asport a Memberskaart 2012

 Léiwen Member vun de Sportsdeddessen,

 

Hei 2 wichteg Punkten:

 

1. Sponsoring Asport:  Ab desem Joer gi mir vun eisem neien Sponsor dem "Asport" ennerstetzt a kréien ee klengen Deel vun deem Montant fir deen eis Memberen beim Asport akaafen als Note de Crédit guddgeschriwwen fir Matérial, etc. kaafen ze goen.

Dëst funktionnéiert awer nëmmen, wa mir hinnen eng Lëscht vun eisen Memberen di eng Asport Clientskaart hunn mam Numm an der Nummer vun der Clientskaart eraschecken. Op déi Lëscht kënen mir awer och Frënn, Kolleegen, Frënd, Frëndin, Fra, Mann, Familienmember, etc. dropsetzen, déi mir kënen ereeschen. Déi Leit gin dann als "Sportsdeddessen" geflagt am System an sou mat eisem Veräin "verbonnen".

Dofir scheckt eis w.e.g. sou séier wéi méigelech eng Mail mat Numm, Virnumm an Nummer (oder Uertschaft falls der d'Nummer nët wësst!!!) vun iech an/oder deenen aaneren Persounen déi bei iech an der Famill eng Asport-Clients-Kaart hun (mat där een och wéi gewinnt ëmmer 10% beim Asport kritt! ;)).

 

2. Memberskaarten 2012: Nodeems schon eng Rei vun iech iwwerwisen hun, ass hei dann och dee leschten Rappel fir déi vun iech, déi weiderhin wëllen Sportsdeddessen-Member bleiwen an dem Veräin trei bleiwen an en ënnerstëtzen. Den 1. Mee aktualiséieren mir eis Mailinglëscht an lossen just nach déi Memberen dra stoen, déi bis dohinner iwwerwisen hun! Hei drënner nach eng Kéier d'Mail vum 4. Abrëll mat alle wichtegen Infoen:

 

"No engem weideren erfollegräiche Joer 2011 si mir als Komitee am gaangen weider vill flott Aktivitéiten fir d'Joer 2012 ze plangen.

 

Nodeems mir op der Assemblée Générale den 16. März 2012 een super Bilan konnten zéien, sin natiirlech och déi nei Memberskaarten fir 2012 ze kréien!

 

Eis Memberskaart fir déi nei "Saison" bleift weiderhin bei 10€ fir ee ganzt Joer.

 

Däi Membersbäitrag kanns du bis den 1. Mee op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2012 + Numm + Virnumm".

 

Falls mir bis den 1. Mee keng Reaktioun kritt hun gi mir dovunner aus, dass keen Interesse méi besteet fir weiderhin bei eis Member ze sin a mir aktualiséieren eis Memberslëscht dann och deementspriechend. :)

 

Op eisem neie Site www.sportsdeddessen.lu kanns du am Kalenner noliesen waat leeft, du kanns dech fir déi verschidden Events während dem Joer aschreiwen an deng Donnéen nokucken, änneren, etc.

 

Mir hoffen natiirlech dass mir dech och am Joer 2012 weiderhin zu eisen treien Memberen zielen kënen an dir vill flott Aktivitéiten kënen ubidden.

 

Merci am viraus,"

 

Mat sportleche Gréiss,

 

De Comité vun de Sportsdeddessen