D'Sportsdeddessen lueden op hieren Summercup an

Deddessen Summercup 2010 10.07 2010 zu Gilsdrëf um alen Fussballsterrain

D'Sportsdeddessen lueden dech häerzlech op eisen Fussballtournoi den 10.07.2010 zu Gilsdrëf um alen Fussballsterrain an.

Wanns de deng Equipp bis den 26.6 umells, brauchs de just 30 € ze bezuelen.

Umeldung

Umeldung nëmmen online op sportsdeddessen.lu/summercup

Präiss 35 € pro Equipe (-5 € fier all Umeldung bis den 26.6)

Eng Aschreiwung ass nëmmen gülteg, wann d'Umeldung an d'Iwwerweisung bis den 5.7.2010 agaangen sinn.

D'Unzuel vun den Equipen ass limitéiert.

Kontosnummer bei der BCEE ass: LU52 0019 3255 6229 3000

Reegelen

Dauer: 1 x 12 min
Equipe: 6 + 1 Goalkeeper + 2 Ersatzspiller
Mindestalter: 16 Joer

Programm

10h00 Ufank
11h00 Ustouss 1. Match
16h00 Finalronnen

Fir iessen, drenken a WM-Stëmmung ass gesuergt!

Equippen déi sech bis den 26.6.2010 umellen, brauchen nëmmen 30€ ze bezuelen