Rappel Nobestellung Velosuniformen

Leschten Délai ass e Méinden den 18. Abrëll!

Salut,

Et ass nees souwäit an d'Sportsdeddessen preparéieren déi nei Saison.

Op verschidden Nofroen hin a fir dass dir och top-gekleet sidd um Velo, lancéieren mir nees eng Nobestellung vun Velosuniformen, fir déi déi nach keng hun respektiv eng nei oder eng 2. wëllen.

Klickt hei op de Link a fëllt sou séier wéi méigelech op der Lëscht aus waat dir gären bestellt (Trickot an/oder Box) an a wéi enger Gréisst (XS-XL) dir daat braucht (Ennerschiddlech Gréissten fir Trickot a Box si méigelech).

Doodle-Link: http://doodle.com/poll/8x7egg2kdfttib4p

Den Originalpräiss fir den Trickot mat Box (Top-Qualitéit!) läit bei 120€ - 150€ deemno wéivill dass mer der nobestellen.

Eng komplett Uniform (Trickot+Box) kascht iech als Member awer just nach 90€, de Recht leen mir als Veräin bäi.

Den Trickot (40€) respektiv d'Box (50€) kënen och eenzel bestallt gin falls gewënscht.

Mat sportleche Gréiss,

De Comité