RAPPEL EM 2016 Tippspill

Falls du schon um Tippspill deelgeholl hues, kanns du dëss E-mail ignoréieren.

 

Léif Sportsdeddessen-Memberen, léif Membres donateurs, léif Sportsfrënn,

Dir hudd nach just bis muer Mëttwoch 24h00 Zäit fir un eisem Tippspill deelzehuelen. 

Endlech ass et erëm sou wäit: eng Futtball-Europameeschterschaft steet virun der Dier, an domatt och dat neit Sportsdeddessen-EM2016-Tippspill.

Och dëst Joer ginn et rëm vill flott Präisser ze gewannen: den 1. Präis ass ee Wellness-Weekend am Sporthotel Leweck, den 2. Präiss e Bong fir eng Locatioun vum Wellness OA6 zu Nidderfeelen fir 5 Stonnen fir een Event ze organiséieren, den 3. Präiss eng Ballons-fahrt fir 2 Persounen, a.s.w.

Wéi gewinnt geet et drëm déi eenzel Resultater aus der Gruppematcher ze tippen plus e puer Extratipps, nämlech den Europameeschter, déi 8 Véirelsfinalisten an de Goalschosskinnék.

Während de Matcher gëtt den aktuellen Ranking LIVE op www.tippspill.com aktualiséiert, a sou kënnt dir iech mat äre Kollegen vergläichen, a firwat och net kleng „Sidebets" maachen. Kommentaren zu der EM an zum Ranking ginn och regelméisseg publizéiert.
Eng Neierung gett et och dëss Kéier. Dir kënnt iech zu Tippgruppen zesummeschléissen, fir nach besser d'Resultater vun äre Frënn, Famill oder Arbechtskollegen ze verfollegen.

Dësst Tippspill ass gratis an exclusiv fir d'Membres donateurs vun der Sportsdeddessen a.s.b.l.

Falls du nach net Membre donateur 2016 bass, fënns du hei eraus wéi dat geet: Don machen.

Ab dem 10.6.2016 kanns du dir d'Tipps vun alle Spiller um Site www.tippspill.com ukucken.

Och dëst Joer kënn dir är Tipps direkt online aginn. Wéi dat geet an all weider Detailer fannt dir op www.tippspill.com.

De Comité vun de Sportsdeddessen wënscht iech elo schonn vill Spaass an Erfolleg beim Tippen, eng flott Virfreed déi scho bei munch engem duerch den Panini-Album entfacht ass, sou wéi natierlech eng nach méi flott Europameeschterschaft.

 

Mat sportleche Gréiss,

 

De Comité vun de Sportsdeddessen