Summercup 2016

Salut Deddess,

Geschwen ass et nees sou wait, dann organiséieren mir Deddessen nees eisen traditionellen Sportsdeddessen Summercup 2016. Dest Joer fennt eisen Tournoi e Sonnden den 19. Juni nees ab 11h30 um synthteschen Terrain vum Sporthotel Leweck statt.

Och dëst Joer kënnen eng 16 Equippen Deel huelen. Wanns du gaer um Summercup mat enger Equipp wells mat dobai sinn, op mannst 5 Kolleegen zesummen kris dann zéck net a melld dech direkt hei um Site un: http://sportsdeddessen.lu/content/umeldung-summercup-2016 Et bleiwen nach e puer Plaazen ze besetzen.

Niewt dem “L” Chalet hu mir dëst Joer och nees ee flott Sprangschlass fir eis kleng Debessen organiséiert.

Wéi gewinnt ginn et flott Praisser ze gewannen an wi emmer hu mir nees eng flott Tombola um Start.

Wanns du lo net direkt wells matspillen ginn et awer och nach 2 aaner Méiglechkeeten um Summercup mat dobai ze sinn:

- Mir siichen wéi all Joers motivéiert Deddessen déi ons eng Hand mat upaaken… Siewt et um Grill, de Comptoir man, Kanneranimatioun, Arbiter, Fotograf spillen, Tombola encadréieren, asw. Umellen kanns du Dech hei am Beschten direkt per Mail op comite@sportsdeddessen.lu.

- Wanns du net vill Zait hues, dann komm dach einfach bis laanscht kucken an een mat eis prosten :-) Mir géifen eis fréen dech op eisem Summercup 2016 ze gesinn!

Fir weider Froen kanns du dech gaer bei engem vun den Comiteesleit mellen.

Mat sportleche Gréiss,

Äre Comité