EM Tippspill ass lancéiert

Léif Membres donateurs vun der Sportsdeddessen a.s.b.l.,


D'EM 2016 ass un. Frankräich huet den Optaktmatch gewonnen. Domatt steet och den éischte Ranking fest.
83 Spiller hunn e Volltreffer geland.

Op www.tippspill.com fann dir all Detailer zum Ranking, de Präisser déi et ze gewannen gëtt, een Newsticker, etc.
Op der Säit mam Ranking kënn dir iech och d'Tipps vun allen aner Spiller ukucken.

Mat der Sichfunktioun iwwert der Lëscht fann dir och séier äre Numm oder Tippgrupp! 

D'Scoren ginn wärend de Matcher ge'update, sou datt dir ëmmer gesidd, wou dir am Ranking drusidd.

Vill Spaass a bonne Chance!

De Comité
Sportsdeddessen a.s.b.l.