INVITATIOUN AG 2025

Léiwe Member vun de Sportsdeddëssen,

 

Et gëtt erëm endlech Zäit fir…

  • … ee Réckbléck vun den Aktivitéite wou d’Deddëssen déi läscht Joren iwwerall dobäi waren,
  • … ee Bilan vun eisem Tresorier iwwert eis Deddësse-Keess,
  • … dem gewuer ze gi wat de Präsi an de Kommitee déi nächst Méint nach Wëlles hunn
  • … eng interessant Associatioun kenneléieren déi sech fir ee gudden Zweck asetzt
  • … dem Kommitee deng Meenung soen an dobäi och nach ee Patt offréiert kréien.

Komm einfach e Mëttwoch, den 30. Abrëll, um 19.30, am Hotel Leweck.

De Kommitee géif sech freeë fir dech (an däi Partner) deen Dag op seng Assemblée générale ze begréissen.

Wann s du dann um 20.30 och nach Honger hues, a nach net heem wëlls, da kanns du, bei engem gudde Plat ee gesellegen Owend mam Kommitee verbréngen.
Mell dech un, bis de 25. Abrëll, per Mail (einfach op dës E-mail äntweren)!

Mat sportleche Gréiss,

 

De Comité vun de Sportsdeddëssen