Summercup 2017

Salut Deddess,

Geschwën ass et nees sou wäit, dann organiséieren mir Deddessen nees eisen traditionellen Sportsdeddessen Summercup 2017. Dëst Joer fënnt eisen Tournoi e Sonnden den 2. Juli nees ab 11h30 um synthteschen Terrain vum Sporthotel Leweck statt.

Och dëst Joer kënnen eng 16 Equippen Deel huelen. Wanns du gaer um Summercup mat enger Equipp wëlls mat dobäi sinn, op mannst 5 Kolleegen zesummen kris dann zéck net a melld dech direkt hei um Site un: http://www.sportsdeddessen.lu/summercup. Et bleiwen nach e puer Plaazen ze besetzen.

Niewt dem “L” Chalet hu mir dëst Joer och nees ee flott Sprangschlass fir eis kleng Debessen organiséiert.

Wéi gewinnt ginn et flott Präisser ze gewannen an wi ëmmer hu mir nees eng flott Tombola um Start.

Wanns du lo net direkt wells matspillen ginn et awer och nach zwou aaner Méiglechkeeten um Summercup mat dobäi ze sinn:

- Mir siichen wéi all Joers motivéiert Deddessen déi ons eng Hand mat upaaken… Siewt et um Grill, de Comptoir man, Kanneranimatioun, Arbiter, Fotograf spillen, Tombola encadréieren, asw. Umellen kanns du dech hei am Beschten direkt per Mail op comite@sportsdeddessen.lu.

- Wanns du net vill Zait hues, dann komm dach einfach bis laanscht kucken an een mat eis prosten :-) Mir géifen eis fréen dech op eisem Summercup 2017 ze gesinn!

Fir weider Froen kanns du dech gaer bei engem vun den Comiteesleit mellen.

Mat sportleche Gréiss,

Däi Comité