Beachvolleyball-Saison & Summercup

Léif Sportsfrënn,

1) BEACHVOLLEYBALL

De Summer ass voll do, och wann en der Natur elo deen erhofften Reen spendéiert. Domatt ass d'Beachvolleyball-Saison och schonn amgang.

Wéi ëmmer maache mier bei deem een oder aner Tournoi matt, mee et hängt och vun ärer Motivatioun of ob mir eis umellen resp. matt wéivill Equippen.

Mir proposéiren de folgenden Doodle auszefëllen mat denen Tournoien wou dir wëll dobäi sinn, am beschten sou schnell wéi méiglech (dës Woch) well verschidden Tournoien kënne gläich complet sinn.

http://doodle.com/poll/qugfrpwv9xyg3vif

NORDSTAD BEACH DAYS

- Samsdeg 8. Juli Dikrech 4x4 Loisir Beachvolleyball Start 11:00

- Sonndeg 9. Juli Dikrech 4x4 Loisir Beachvolleyball Start 11:00

ECHTERNACH um Séi

- Samsdeg 22. Juli 4x4 Mixte Loisir

- Sonndeg 23. Juli 4x4 Mixte Open licenciés et non-licenciés

WELLER BEACHPARTY

- Sonnden 30. Juli 4x4 Loisir zu Weiler (Pütscheid) Start 13:00

BEACHDAYS am KIISCHPELT

- Sonndeg 6. August 4x4 Loisir zu Wëlwerwoltz Start 11:00

2) SUMMERCUP

De Summercup ass dëse Sonndeg den 2. Juli um Site vum Hotel Leweck. Um 11h30 geet den Tournoi un.

Well eng Equipe sech ofgemellt huet ass nach eng Plaz fräi, falls nach ee spontan wéillt eng Equipe umellen soll en sech schnell mellen.

Wann net maache mir eng Sportsdeddessen Equipe, wanns de also net genuch Leit hues fir eng eegen Equipe ze maachen kanns de roueg mat eis spillen, so just am Viraus bescheed, merci.

Fir de Rescht ass natierlech jiddereen härzlech agelueden bis ee Patt drénken ze kommen :)

Bis hoffentlech e Sonnden oder am Sand ;)

fir de Komitee,

ds