WM 2022 Tippspill

Léif Sportsdeddessen-Memberen, léif Membres donateurs, léif Sportsfrënn,

Dëst Joer ass et net am Summer mee am Wanter sou wäit: eng Futtball-Weltmeeschterschaft steet virun der Dier, an domat och dat neit Deddessen-WM2022-Tippspill.

Och dëss Kéier ginn et erëm vill flott Präisser ze gewannen: z.B. ee Wellness-Weekend am Sporthotel Leweck fir 2 Persounen.

Wéi gewinnt geet et dorëm déi eenzel Resultater aus de Gruppematcher ze tippen plus e puer Extratipps.

Wärend de Matcher gëtt den aktuellen Ranking LIVE op www.tippspill.com aktualiséiert, a sou kënnt dir iech mat äre Kollegen vergläichen, a firwat och net kleng „Sidebets" maachen. Kommentaren zu der WM an zum Ranking ginn och reegelméisseg publizéiert.
Dir kënnt iech och zu Tippgruppen zesummeschléissen, fir nach besser d'Resultater vun äre Frënn, Famill oder Aarbechtskollegen ze verfollegen.

Dëst Tippspill ass gratis an exklusiv fir d'Membres donateurs vun der Sportsdeddessen a.s.b.l.

Falls dir nach net Membre donateur 2022 sidd, fann dir hei eraus wéi dat geet: Klick hei fir en Don ze maachen.

Ab dem 20.11.2022 kenn dir iech d'Tipps vun alle Spiller um Site www.tippspill.com ukucken.

Och dëst Joer kenn dir är Tipps direkt online aginn. Wéi dat geet an all weider Detailer fannt dir op www.tippspill.com.

De Comité vun de Sportsdeddessen wënscht iech elo scho vill Spaass an Erfolleg beim Tippen, eng flott Virfreed déi scho bei munch engem duerch den Panini-Album entfacht ass, sou wéi natierlech eng nach méi flott Weltmeeschterschaft.

 

Mat sportleche Gréiss,

 

De Comité vun de Sportsdeddessen