Sportsdeddessen

Wikingerschach on the beach

Newsletter: 

Salut,

D'Sportsdeddessen an den DT 95 Feelen invitéieren op hieren 1. Wikingerschach-Tournoi "on the beach".

Eisen Tournoi ass e Sonnden ab 11h00 zu Nidderfeelen op den neien Beachvolleyball-Terrains.

Fir eng Equipe unzemellen an all weider Detailer fannt dir op www.wikingerschach.lu an op Facebook ennert "Wikingerschach on the beach".

Kommt all laanscht matspillen, einfach epoes iessen, ee Patt drenken oder mat de Kanner op eist Sprangschlass.

Schueberfouer 2019 (Stübli)

Newsletter: 

Salut DEDDESSEN an DEDDESSINNEN,

Et ass nees sou wäit. Mir gin nees traditionnell zesummen mat de Sportsdeddessen op d'Fouer.  Mir maachen dest Joer de CLOSING vun der Fouer an du/dir bass/sidd härzlech invitéiert fir derbäi ze sin! :-)

Rendez-vous ass e Mettwoch Owend den 11. September um 19h00 beim Schwarzwaldhaus fir den Apéro!

Duerno hu mir fir 21h00 am "Stübli" reservéiert fir zesummen eppes z'iessen an ze feieren.

24h Run Wiltz (10h-Course)

Newsletter: 

Léif Memberen,

Mir mellen eng Equipe u fir den 10h Teamrun bei der Lafcourse zu Wolz.

D'Lafcourse ass den 15 Juni, vun 12 Auer Mëttes bis 22 Auer owes.

Wann s de motivéiert bass, fir bei dëser Staffellaf - Course matzemaachen, da mell dech direkt um Link ënnen un. Mir kënnen eis Inscriptioun réischt maachen, wa mir wësse wee matleeft.

Weider Detailer kommen no.

Mat sportleche Gréiss

De Comité

Schueberfouer 2018 (Stübli)

Newsletter: 

Salut DEDDESSEN an DEDDESSINNEN,

Et ass nees sou wäit. Mir gin nees traditionnell zesummen mat de Sportsdeddessen op d'Fouer an du/dir bass/sidd härzlech invitéiert fir derbäi ze sin! :-)

Rendez-vous ass e Freideg Owend de 7. September um 19h00 beim Schwarzwaldhaus fir den Apéro!

Mir hu fir 20h00 am "Stübli" reservéiert fir zesummen eppes z'iessen. Duerno ass 80er Party

12h Run Wiltz

Newsletter: 

Léif Memberen,

Mir hunn eng Equipe ugemellt fir den 12h Teamrun bei der Lafcourse zu Wolz.

D'Lafcourse ass den 9 Juni, vun 12.00 Auer Mëttes bis 0.00.

Wann s de motivéiert bass, fir bei dëser Staffellaf - Course matzemaachen, da mell dech um Link ënnen un.

Weider Detailer kommen no.

Mat sportleche Gréiss

De Comité