Sportsdeddessen

12h Run Wiltz

Newsletter: 

Léif Memberen,

Mir hunn eng Equipe ugemellt fir den 12h Teamrun bei der Lafcourse zu Wolz.

D'Lafcourse ass den 9 Juni, vun 12.00 Auer Mëttes bis 0.00.

Wann s de motivéiert bass, fir bei dëser Staffellaf - Course matzemaachen, da mell dech um Link ënnen un.

Weider Detailer kommen no.

Mat sportleche Gréiss

De Comité

Tournoi zu Bëlleg

Newsletter: 

 

E Freiden, den 23. Februar 2018, vun 19.00 Auer un, organiséiert d’Härenéquipe vun der Union Mäertert Waasserbëlleg eenn „Indoor Juxturnéier“, an der Sportshal zu Bëllig.
D'Sportsdeddessen hunn eng Équipe ugemelld.
Wanns du Zäit a Loscht hues fir matzemaachen, da kanns du dech gären op folgendem Link umellen.
Mat sportlëche Gréiss
De Comité

Karting

Newsletter: 

Léif Memberen, 


De Comité proposéiert iech fir e Freiden den 29 Dezember 2017 bei enger leschter Deddessenaktivitéit matzemaachen.

Wann dir deen Freiden Owend bësse Loscht hutt fir zu Grüfflingen op der Cartingspiste e puer Ronnen ze dréinen, an/oder dono bei gemittlecher Ambiance eppes iessen, een drénken an e bëssen Bowling spillen, da mellt iech séier iwwert folgenden Link bei eis un.