Championsleague Owend
Den Freiden 6.März ass et erem esou weit. D'Sportsdeddessen ginn mat/ouni Partner op Mondorf an de Casino e bessen d'Vakanzencaisse opstocken.
Fir beim Gamblen an Jubelen nët an den Ënnerzocker ze faalen, gin mir eis rdv um 19.30 Auer fir den Apéro virun der Purple Lounge an dono een gudden Maufel z'iessen. Sot eis w.e.gl bis den 15. Februar bescheed wann der dobei sidd an wat der wëllt iessen (Entree an/oder Haaptplat; Dessert kann spontan decideiert ginn).
Mir géifen eis freen wann der dobei wiert!
Salut.
Dese Samsden ass een Just-4-Fun Indiaca Tournoi zu Bettenduerf.
Lass geet ët um 14h00 an eng Equipe besteet aus 4 - 5 Leit.
Mir wollten do mat 1 - 2 Equipen vun de Sportsdeddessen untrieden a ween interesséiert ass fir matspillen ze kommen soll sech am beschten haut nach hei aschreiwen.
Et geet virun allem em de Spaass dofir hei och een Appel un déi déi "Indiaca" guer nët kennen respektiv nach ni gespillt hun, mellt iech einfach un hei a sidd derbäi, mir iwwerhuelen natiirlech d'Startgeld.
Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,
Och dëst Joër...
Wéi déi lescht Joeren, maachen d'Sportsdeddessen dëst Joer erëm eng Equipp fir de Staffellaf den 30.5 beim Marathon an der Stad matzelafen.
Een Team besteet aus 4 Leefer. All Leefer brauch just zweschen 8 an 13km ze laafen. Jidder Member ka mattlafen, et sinn jo nach e puer Méint fir ze trainéieren, an et geet net em eng gëlle Kou.
D'Startgeld ass 25€/Persoun, mee d'Sportsdeddessen leeën eppes klenges bäi.
Sot w.e.g. seier bescheet. Et sinn net méi vill Plaze fräi. Mir mussen d'Equipp schnell umellen.
PROGRAMM
9h30-11h00
Futtball-Tennis-Tournoi fir Equipen vun 2
Präiss: gratis
> Umeldung Futtball-Tennis-Tournoi
11h30-19h00 Futtball-Tournoi fir Equipen vu 5 + (2)
Präiss: 50€/Equipe
Dauer: 12 Minuten/Match
Fussballschung sinn obligatoresch
> Umeldung Futtball-Tournoi
Léif Sportsdeddessen,
Mir machen den 13-14.6 beim 24-Stonne-Laf zu Woltz mat.
Dofir brauche mir eng Equipp vu 16 Leit déi matlafen.
Wanns du interesséiert bass, einfach hei umellen a soen wéivills du wells am ganze lafen. (30min - 4h)
Méi Informatiounen hei: http://24hours.lu
Ab 19h30 gëtt nees am Sporthotel Leweck de Fussball ausgepaakt a gekickt!
WICHTEG:
Bréngt och Futtballschong mat...wann d'Wieder et erlaabt a wann de sythéteschën Terrain fräi as, gi mir raus spillen. Soss spillen mir wéi ëmmer an der Hal.
Bis e Mëttwoch...
Ab 19h30 gëtt nees am Sporthotel Leweck de Fussball ausgepaakt a gekickt!