Sportsdeddessen

Casinoowend

Newsletter: 

Salute,

 

fir d'Glëck am neien Joer en bessen erauszefuederen gin mer en Samsden 1. Februar rem op Munneref. Mir geifen eis um 19 Auer an der purplelounge treffen fir den apéro, dann eppes Klenges zesummen iessen an dann op d'Dëscher stierzen. Selbstverständlich kennt dir och na nom Iessen dobeistoussen ;-) Vu que dass mer vlaist zu mei wei 12 sinn, muss ech bei der Reserveierung och uginn wat jiddereen ësst, dofir sot mer den Haaptplat w.e.gl.

 

Wintercup

Newsletter: 
SOLD OUT
RDV ass dësen Sonnden 15/12/2013 um 13h00 an der Sportshal vum Hotel Leweck zu Lëpschent, wou dann d'Poulen op der Plaaz ausgeloust gin. Sidd also w.e.g. pünktlech do! ;-)
Deen 1. Mätch gëtt um 13h30 ugepaff, all Equipp kann mindestens 4 Mätcher spillen an d'Finall gëtt um 18h00 gespillt.
Nom Tournoi kënen déi déi wëllen och nach relax mat eppes iessen goen an de Restaurant. Soot eis einfach e Sonnden um Tournoi Bescheed, wann der wëllt mat iessen.

Billard an Darts Tournéier

Newsletter: 

Dësen Mëttwoch gëtt ët nees Zäit eng nei Sportart, daat heescht direkt 2 nei Sportarten an eisen Programm opzehuelen an zwar Billard an Darts!

 

Daat Ganzt leeft als klengen Tournéier of, ët soll jo och ee klengen Challenge derbäi sin...! ;-)

 

Mir iwwerhuelen natiirlech d'Käschten an géifen Iech dofier bieden Iech w.e.g. unzemellen, wann der wëllt matspillen fir dass mer ee klengen Plang kënen opstellen an ee flotten Owend zu Heischent kënen verbrengen. :-)