Sportsdeddessen
Fussball am Hotel Leweck
Dëse Mëttwoch steet Fussball um Programm.
Badminton am Hotel Leweck
Dëse Mëttwoch steet Badminton um Programm.
Oktoberfest zu Alzeng
Fussball am Hotel Leweck
Saison Opening
No der Summerpaus geet et den 18.9 endlech erëm lass.
Dëse Mëttwoch steet Fussball um Programm.
Color Run zu Iechternach
Eng Partie Sportsdeddessen hunn Loscht beim Color-Run zu Iechternach matzeman. Deen ass Samsdes den 21. September um 11 Auer. Et ass een Laf wou net d'Performance am Virdergrond steet mee de Spaaß (also genau richtig fir Deddessen ;-) )!
No deem Laf iwert 5 km, wou een en weissen T-shirt kritt an all Km mat Farw beheit gett, kennt deen na mei relaxen Deel mat Buffen, drenken an Musik!
Um Site http://lu.thecolorrun.com/fr/ kritt der all Infoen an keent iech umellen. Et kascht momentan 35 euro an gett emmer bessen mei deier.
Sportsdeddessen go Schueberfouer
Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,
4 Stonne Vëlo Grooljen
Léif Memberen,
Nom Succès zu Wëntger gëllt et nët fir de Vëlo schonn un de Nol ze hänken. Déi nächst Equippen-Course steet virun der Dir, an zwar d'4 Stonnen Vëlo Grooljen.
Dës flott Rennen kennen nach verschidden Deddessen vu fréier, gouf si dach tëschent 1990 an 2003 all Joërs zu Grooljen organiséiert. Nët grad sou schwéier an opwänneg wéi Wëntger well just 4 Stonnen, kann eigentlech jiddereen do matfueren, allerdéngs ass och hei eng Montée dran. All weider Infos fannt dir op www.4stonnen.lu
Beachvolleyball zu Kiischpelt
D'Sportsdeddessen spillen mat um Beachvolleyball zu Kiischpelt (Welwerwoltz).
Lass geet et um 11h00 an et gett 4 géint 4 gespillt.
Traditionell gett daat emmer ee flotten Daag! :-)
Beachvolleyball Weller
Salut,
Wéi all Joër fënnt no Velo Wëntger op der Weller Beachparty den Beachvolleyball-Tournoi Sonndes mëttes statt.
Wien wëll matspillen soll sech hei androën w.e.g.
Zu Wëntger ass natiirlech all Supporter Freides a Samsten haezlech wëllkomm bei eisem Zelt wou fir Animatioun gesuergt ass :)
bis geschwënn,
DS