Sportsdeddessen
Fussball am Hotel Leweck
RDV wéi gewinnt um 19h30!
Fussball am Hotel Leweck
Fussball am Hotel Leweck
E Mëttwoch ass nees wéi gewinnt Fussball an der Sportshaal vum Hotel Leweck mat traditionellem RDV um 19h30!
Futtballstournoi zu Grooljen (Gralingen)
Salut Deddessen!
Am Kader vum Zeltfest zu Grooljen (Muppebal goes Wild Wild West) fënnt dëse Sonndeg den 19.8. en Futtballstournoi statt (5 géint 5 op Minimesgoaler).
D'Sportsdeddessen hunn 1 Equipp ugemellt déi awer nach net komplett ass!
Et ass een sympateschen Juxtournoi (vill Jeunessen etc.) also kann roueg jiddereen matspillen. Wien Loscht huet matzekicken soll sech schnell beim Käpt'n Eug mellen (621 776 980)!
Enjoy :)
DS
Pétanque zu Bieles
Salut Deddes,
Route du Vin
Salut Deddessen,
Mir huelen zesummen um Route du Vin Semi-Marathon deel.
D'Sportsdeddessen iwwerhuelen en Deel vu der Participatioun. Du brauch just 7€ ze bezuelen.
Konditiounen:
1) Du leefs mat engem Sportsdeddessen-Trikot
2) Mir mellen dech un
Mellt iech hei un mat ärem Numm a Virnumm a mir iwwerhuelen d'Umeldung bei der Route du Vin.

Kasematte-Rallye
Dëss Kéier ass et de richtege Rallye.
Schueberfouer
D'Summerpaus geet sou lues op en Enn an traditionnel gin d'Deddessen och dest Joer rem zesummen op d'Schueberfouer, an zwar dësen Freiden den 7. September 2012.
Um 19h00 ass den 1ten Treffpunkt beim Dikkrecher Stand, niewent dem Schwarzwaldhaus.
Um 20h15 gi mer dann zesummen an de Stall iessen.