
Eisen Deddessen-Summercup kennt dest Joer nach méi ee groussen Succès wéi d'lescht Joer, sou dass sech mettlerweil de Maximum un Equipen déi mir unhuelen provisoresch ageschriwwen hun.
Daat heescht awer nët dass dir net nach d'Chance kritt awer matzespillen!
D'Umeldung fir eisen Summercup 2011 ass effektiv réicht definitiv, wann de Bäitrag vun 35€ op eisen Kont iwwerwisen gin ass.
Dofir bieden mir dann déi Equipen, déi sech elo nach wëllen um Site aschreiwen direkt ze iwwerweisen, fir dass hier Plaaz och garantéiert ka gin.
Fir déi puer Equipen déi sech zwar ageschriwwen, awer nach nët bezuelt hun, wëllen mer just nach eng Kéier matdeelen, dass déi Plaazen natiirlech nët definitiv reservéiert bleiwen an och kënen vun aaneren Equipen, déi direkt iwwerweisen, ageholl gin.
Mir freen eis well drop iech alleguerten e Samsden um Deddessen-Summercup 2011 ze gesin! :)
Kommentare
wat ass wann et schifft? an
wat ass wann et schifft? an ass eng tele fir den tdf do ;) ?