Deddessen-Summercup 2011

Eisen Deddessen-Summercup kennt dest Joer nach méi ee groussen Succès wéi d'lescht Joer, sou dass sech mettlerweil de Maximum un Equipen déi mir unhuelen provisoresch ageschriwwen hun.


Daat heescht awer nët dass dir net nach d'Chance kritt awer matzespillen!


D'Umeldung fir eisen Summercup 2011 ass effektiv réicht definitiv, wann de Bäitrag vun 35€ op eisen Kont iwwerwisen gin ass.


Dofir bieden mir dann déi Equipen, déi sech elo nach wëllen um Site aschreiwen direkt ze iwwerweisen, fir dass hier Plaaz och garantéiert ka gin.

Rappel: Schueberfouer

Léif Memberen vun de Sportsdeddessen, 
Mir gin nees traditionnell zesummen mat de Sportsdeddessen op d'Fouer.  Rendez-vous ass e Samsden Owend den 06. September um 19h00 beim Schwarzwaldhaus fir den Apéro!
Duerno hu mir fir 20h15 am "Stübli" reservéiert fir zesummen eppes z'iessen an ze feieren.
Mell dech w.e.g. esou séier wéi méiglech un, fir dass mer wëssen wéivill Leit derbäi sin an dass mir mat Zäiten nach kënen Plaazen noreservéieren, falls der nach gebraucht sollten gin.
Mir fréëen eis elo well iech all do eremzegesin.
Mat sportleche Gréiss,
De Comité