Léiwen Member vun de Sportsdeddessen,
Fir d'alleréicht mol nach Alles Guddes am neien Joer, ouni Verletzung a bei beschter Gesondheet!
No engem weideren erfollegräiche Joer 2016 si mir als Comité am gaangen weider vill flott Aktivitéiten fir d'Joer 2017 ze plangen.
Mir wärten och dëst Joer op eiser Generalversammlung den 31. März 2017 (Datum an de Kalenner schreiwen! :-)) nees ee positiven Bilan kenen zéien an daat och duerch är Hëllef an Ënnerstëtzung!
Déi nei Memberskaarten fir 2017 sin dann och ab elo ze kréien an eis Memberskaart fir déi nei "Saison" bleiwt weiderhinbei 10€ fir ee ganzt Joer!
Wanns du nach keng nei Memberskaart fir 2017 hues, da kanns du w.e.g. däi Membersbäitrag bis den 31. Januar op eise Sportsdeddessen-Kont LU52 0019 3255 6229 3000 bei der Spuerkeess iwwerweisen mat der Kommunikatioun "Aktiven Member 2017 + Numm + Virnumm".
Nom 31. Januar gett dann och eis Memberslëscht an eis Mailinglëscht aktualiséiert. Falls keen Interesse méi besteet fir weiderhin bei eis Member ze bleiwen, waat mir natiirlech nët hoffen, da maach eis w.e.g. kuerz ee Mail a mir passen dann eis Lëscht och dementspriechend un. Am aaneren Fall wou's du den Cotisatioun iwwerweis, do wärten mir dech weiderhin regelméisseg informéieren waat, wéini, wou leeft. :-)
Op eisem Site www.sportsdeddessen.lu kanns du wéi gewinnt am Kalenner noliesen waat leeft, du kanns dech fir déi verschidden Events am Laaf vum Joer aschreiwen an deng Donnéen nokucken, änneren, etc.
Mir hoffen natiirlech dass mir dech och am Joer 2017 weider zu eisen treien Memberen zielen kënen an dir vill flott Aktivitéiten därfen ubidden.
Am Joer 2017 steet dann ënnert aanerem Paintball, Fussball, Badminton, Summercup, 24 Stonnen Velo Wëntger a villes méi um Programm. Weider Infoen zum Programm, etc. kritt dir natiirlech och op eiser Generalversammlung den 31. März 2017 zu Lëppschent.
P.S.: Mir soen och op dësem Wee och nach eemol eise Sponsoren Merci fir hier Ënnerstëtzung!
Merci am viraus,
Mat sportleche Gréiss,
Äre Comité vun de Sportsdeddessen