Schueberfouer 2017 (Restaurant Kessel)

Newsletter: 

Salut DEDDESSEN an DEDDESSINNEN,

Et ass nees sou wäit. Mir gin nees traditionnell zesummen mat de Sportsdeddessen op d'Fouer an du/dir bass/sidd härzlech invitéiert fir derbäi ze sin! :-)

Rendez-vous ass Mettwoch Owes den 6. September um 19h00 beim Schwarzwaldhaus fir den Apéro!

Mir hu fir 20h00 am Restaurant "Kessel" reservéiert (www.kessel.lu) fir zesummen eppes z'iessen.

Beachvolleyball-Saison & Summercup

Léif Sportsfrënn,

1) BEACHVOLLEYBALL

De Summer ass voll do, och wann en der Natur elo deen erhofften Reen spendéiert. Domatt ass d'Beachvolleyball-Saison och schonn amgang.

Wéi ëmmer maache mier bei deem een oder aner Tournoi matt, mee et hängt och vun ärer Motivatioun of ob mir eis umellen resp. matt wéivill Equippen.

Mir proposéiren de folgenden Doodle auszefëllen mat denen Tournoien wou dir wëll dobäi sinn, am beschten sou schnell wéi méiglech (dës Woch) well verschidden Tournoien kënne gläich complet sinn.