Segway - Rappel Umeldung
Salut léif Memberen,
Genau eng Woch no eisem "Main Event" de Sportsdeddessen Summercup, fënnt schonn déi nächst Aktivitéit statt, an zwar dësen Sonnden den 5. Juli.
No jorerlaanger Preparatioun ass et dann endlech sou wäit a man een Tierchen duerch d'Stad mam Segway. Daat Ganzt dauert vun 16h-18h. RV ass um 15h45 beim Lift um Helleg Geescht Plateau.
Participatioun pro Member kascht 45 €, de Rescht leet de Veräin bäi.
D'Plazen sinn op 10 limitéiert dofir mellt iech su séier wéi méiglech hei un wann Dir intresséiert sidd.
Joël
Claudio
Rom1
Thierry J
Bisi
Fussball am Hotel Leweck
Ab 19h30 gëtt nees am Sporthotel Leweck de Fussball ausgepaakt a gekickt!
WICHTEG:
Bréngt och Futtballschong mat...wann d'Wieder et erlaabt a wann de sythéteschën Terrain fräi as, gi mir raus spillen. Soss spillen mir wéi ëmmer an der Hal.
Bis e Mëttwoch...