Pokertournoi (6. DSOP)
Salut léif Memberen,
Geschwënn ass et nees souwäit an et steet déi 6. Editioun vun den DSOP (Deddessen Series of Poker) un. Dat Ganzt fënnt wéi gewinnt am Konferenzsall vum Hotel Leweck statt an zwar Samsden den 22.11.2014.
D'Formule ass dës Kéier bëssen eng aner an zwar fänke mir um 18h30 un an maachen keng grouss Paus fir rof iessen ze goen mee et ginn Snacks (Pizza Baguette, Croque Monsieur,...) während méi klengen Pausen am Sall selwer.
De Buy-in bleiwt wéi gewinnt bei 20 mat dës Kéier awer just maximal 1 Rebuy an 1 Addon während 90 Minutten.