Sportsdeddessen

Deddessen Wintercup 2011

Newsletter: 

D'Sportsdeddessen invitéieren dech ganz haerzlech op den Deddessen Wintercup 2011 am Sporthotel Leweck.

Wéi lo schons traditionell organiséieren mir Samsdes Mëttes den 10. Dezember eisen flotten Tournoi an der Hal vum Hotel Leweck. Mir treffen eis dann an der Hal a verbréngen e puer flotter Stonnen ënner Fussballkolleegen.

Gespillt gëtt den Tournoi an Equipen mat 5 Leit (+2 Ersatzspiller) a lass geet et um 13h00.

dSportsdeddessen spillen Keelen e Freiden 14 Oktober zu Hoscheid am Café Marnach

Salut Deddessen,

Demnext steet e Keelenowend mat Haam Fritten an Zalot um Programm, an daat de Freiden 14. Oktober 2011 ab 19.30 zu Hoscheid bei Lëppschent. Wien Loscht huet e puer Klatzen ze geheien an dozou eng gudd Bauerenhaam mat Frites an Zalot ze vernichten soll sech lo direkt mellen. Well Plaazen limitéiert sinn kënnen mir leider dës Kéier nëmmen 16 Leit mathuelen. Dofir net laang iwerleen ... schreiw dech einfach direkt an den Doodle an! Avis aux amateurs.